Op den Inhalt sprangen

Jörg Kachelmann

Vu Wikipedia
Jörg Kachelmann
Gebuer 15. Juli 1958
Lörrach
Alter 68 Joer
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Universitéit Zürich
Aktivitéit Fernseemoderator, Journalist, Meteorolog, Saachbuchauteur, Entreprener
Famill
Bestuet mat Katja Hösli (1983–1998),
Miriam Kachelmann (2011–)

De Jörg Andreas Kachelmann, gebuer de 15. Juli 1958 zu Lörrach an Däitschland, ass e Schwäizer Moderator, Auteur a Journalist.

1991 huet en d'Meteomedia AG gegrënnt, eng op Meteorologie spezialiséiert Firma mat Sëtz zu Gais am Kanton Appenzell Ausserrhoden. Dës Firma huet och Wiederstatiounen zu Lëtzebuerg.

Den 20. Mäerz 2010 gouf de Kachelmann wéinst Verdacht op Vergewaltegung vu senger laangjäreger Freiesch festgeholl. Eng véier Méint drop ass en awer aus der Untersuchungshaft fräikomm an e gouf den 31. Mee 2011 vum Landgeriicht Mannheim vun alle Virwërf fräigesprach[1]. Nach wärend dem Prozess hat e sech den 9. Mäerz 2011 mat där Studentin bestuet, déi och bei senger Verhaftung bei him war[2].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Fräisproch fir de Jörg Kachelmann, wort.lu vum 31. Mee 2011 Archivéiert den 03.06.2011. Gekuckt den 31.05.2011.
  2. sueddeutsche.de vum 11. Mee 2011