Metronom
Ausgesinn

E Metronom (vum Algriichesche metron ,Mooss‘, an nomos ,Gesetz, Accord‘) ass e mechaneschen oder elektroneschen Apparat, deen duerch akustesch Impulser a gläichméissegen Zäitintervallen e konstanten Tempo virgëtt, d.h. d'Vitess, mat där e Museksstéck gespillt soll ginn.
Haut kënne Metronomen och an elektronesche Museksinstrumenter (z. B. Keyboarden oder E-Pianoen) integréiert sinn oder duerch Software (besonnesch duerch Mobil Applikatiounen) simuléiert ginn.
Et kann een e Metronom astellen, wéi vill Schléi pro Minutt (Beats per minute; bpm) e maache soll. E Metronom mat 60 bpm schléit deemno genee am Sekonnentakt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Metronom – Biller, Videoen an Audiodateien |