Op den Inhalt sprangen

Mexiko

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Estados Unidos Mexicanos
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Spuenesch (de facto)
Haaptstad Mexiko-Stad
Staatsform Federal Republik
Staatsleedung
Presidentin vu Mexiko Claudia Sheinbaum
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 1.964.375 km²
Bevëlkerung 132.274.416 (2024)
Bevëlkerungsdicht 57,2 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet vu Spuenien,
16. Sep. 1810 (deklaréiert)
27. Sep. 1821 (unerkannt)
Nationalfeierdag 16. September
Nationalhymn Himno Nacional Mexicano
(Lauschteren)
Praktesch Informatiounen
Wärung Mexikanesche Peso (MXN)
Zäitzon UTC -8 bis -6
Internet-TLD .mx
Internationalen Telefonsprefix +52

Mexiko, offiziell Estados Unidos Mexicanos (spuenesch fir Vereenegt Mexikanesch Staaten), ass eng federal Republik an Nordamerika. Nopeschlänner sinn am Norden d'Vereenegt Staate vun Amerika, am Süde Belize a Guatemala. Am Weste mécht de Pazifik, am Osten den Atlantik mam Golf vu Mexiko an dem Karibesche Mier d'Grenz.

D'Haaptstad vu Mexiko ass Mexiko-Stad (Ciudad de México).

Struktur vum Land

[änneren | Quelltext änneren]

D'Land mat enger Fläch vun 1.964.375 km² ass an 31 Bundesstaaten agedeelt, plus den Haaptstaddistrikt, déi a verschidde Municipios (Arrondissementer) ënnerdeelt sinn.

Bundesstaaten an hir jeeweileg Haaptstied

[änneren | Quelltext änneren]
Bundesstaaten a Mexiko
 Commons: Mexiko – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikimedia-Atlas: Mexiko (en)

Referenzen

[Quelltext änneren]