Proposition de loi

Als Proposition de loi oder Gesetzespropositioun bezeechent een am Allgemengen d'Initiativrecht vun engem oder méi Parlamentarier (Deputéierten, Senateur) (fr. initiative parlementaire) fir e Virschlag fir en neit Gesetz maachen. Déi Bezeechnung gëtt et absënns zu Lëtzebuerg, a Frankräich, der Belsch oder der Schwäiz. An Däitschland schwätzt ee vun engem Gesetztentwurf (des Bundestages / des Bundesrats) an am Vereenegte Kinnekräich vun engem Private members' bill.
Situatioun zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Jidder Deputéierten huet d'Recht fir Proposition-de-loien an der Chamber ze deposéieren.
„Chaque député a le droit de soumettre des propositions de loi. Le député qui entend soumettre une proposition de loi la signe et la remet à la Chambre.“
An der Praxis gëtt eng Proposition de loi dacks vun engem Deputéierte vun der Oppositioun deposéiert; a bal alle Fäll gi se beim Vott iwwer de ganzen Text verworf. E Beispill, wou eng Proposition de loi vun engem Oppositiouns-Deputéierten an d'Chamber abruecht an ugeholl gouf, war d'Propositioun vun 2002 iwwer d'Euthanasie an den assistéierte Suizid[1].
Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Legislativ Prozedur (Lëtzebuerg).
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Besch, Marc: (2026). Normes et légistique en droit public luxembourgeois. 2e éd., Windhof: Larcier-Intersentia, ISBN 978-2-49675-020-1
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Projet de loi: d'Initiativrecht vun der Regierung
- Volleksinitiativ: d'Initiativrecht vun de Bierger
Quell
[änneren | Quelltext änneren]- Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Besch, an der Literatur, S. 378
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Proposition de loi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Proposition de loi sur l'euthanasie et l'assistance au suicide. www.chd.lu (05.02.2002). Gekuckt de 07.02.2026.