Op den Inhalt sprangen

Republik Zaire

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem fréiere Land Zaire. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Zaire.
Republik Zaire
Jamhuri ya Zaïre
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
Justice, Paix, Travail
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Franséisch, do dernieft als Nationalsproochen och Kituba, Lingala, Swahili an Tschiluba
Haaptstad Kinshasa
Staatsform Republik; Autokratie
Staatsleedung
Staatschef Mobutu Sese Seko
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 2.345.410 km²
Bevëlkerung 46.498.539
Geschicht a Staatssymboler
Nationalhymn La Zaïroise
Praktesch Informatiounen
Wärung Zaïre
Zäitzon UTC +1
UTC +2
Internet-TLD .zr (gouf 2001 geläscht)
Internationalen Telefonsprefix +243
bestoung vum 27. Oktober 1971 bis de 16. Mai 1997

Republik Zaire ((fr): République du Zaïre), oder Zaire, war vum 27. Oktober 1971 bis de 16. Mee 1997 den Numm vun der haiteger Demokratescher Republik Kongo an Zentralafrika.

1960 ass déi fréier Kolonie „Belsche Kongo“ onofhängeg vun der Belsch ginn an huet sech Republik Kongo genannt. Am Westen hat d'Land eng Grenz mat der fréierer franséischer Kolonie, déi sech och Republik Kongo genannt huet. Fir déi zwéin Nopeschstaaten auserneen ze halen, gouf 1964 den Zousaz "demokratesch" un den Numm vum fréiere Belsche Kongo bäigefüügt.

Vun 1971 bis 1997 huet d'Land Republik Zaire geheescht. Déi Period war gepräägt vun der absolutter Muecht vum Mobutu Sese Seko, deen no sengem Putsch am Joer 1965 mam Mouvement populaire de la révolution (MPR) en Eeparteiesystem agefouert huet.

 Commons: Republik Zaire – Biller, Videoen oder Audiodateien