Op den Inhalt sprangen

Slipknot

Vu Wikipedia
Slipknot
Slipknot um Roskilde Festival (2013)
Museksgenre Alternative Metal, Nu Metal
Land  USA
Grënnung 1994
Websäit www.slipknot1.com

Slipknot ass eng US-amerikanesch Heavy-Metal-Band, déi 1995 zu Des Moines am Iowa gegrënnt gouf.

D'Grënnungsmembere waren de Batteur Shawn Crahan, de Bassist Paul Gray an de de Sänger Anders Colsefni. No e puer Changementer an den Ufanksjore ware vun 1999 bis zum Doud vum Gray am Joer 2010 néng Leit fest Membere vun der Grupp: de Crahan, de Gray, den Joey Jordison, de Craig Jones, de Mick Thomson, de Corey Taylor, de Sid Wilson, de Chris Fehn an den Jim Root.

Slipknot si bekannt fir hiren aggressive Museksstil an energiegelueden a chaotesch Live-Optrëtter. Si hu bei hire Concerten ëmmer Masken un, déi d'ganzt Gesiicht bedecken. Bis 2014 haten all d'Memberen och eenheetlech Overalls un.

Hiren éischten Demo-Album "Mate. Feed. Kill. Repeat" huet d'Band 1995 an 1996 opgeholl. Et goufe just 1.000 Kopie produzéiert. Duerno huet et e puer Joer gedauert bis si 1999 hiren éischte kommerziellen Album "Slipknot" erausbruecht hunn a séier berümt goufen. Schonn zwee Joer drop hu si mat "Iowa" eng Nofollgerplack erausbruecht, op där si méi däischter a brutal Téin ugeschloen hunn an domat nach méi bekannt goufen.

No enger kuerzer Paus ass Slpiknot 2004 mat "Vol. 3: (The Subliminal Verses)" zréckkomm, éier si erëm eng Paus gemaach hunn an 2008 de véierte Studioalbum "All Hope Is Gone" verëffentlecht hunn, deen et bis op déi 1. Plaz vun den amerikanesche Billboard 200 Albumcharts gepackt huet. No enger weiderer laanger Paus huet Slipknot 2014 de fënnefte Studioalbum ".5: The Gray Chapter" erausbruecht. Duerno hu si nach "We Are Not Your Kind" (2019) an "The End, So Far" (2022) produzéiert. D'Grupp huet och dräi Live-Albumen a fënnef Concerts-DVDe verëffentlecht.

De Bassist Gray ass de 24. Mee 2010 un enger Iwwerdosis Morphium gestuerwen a gouf tëscht 2011 an 2014 vum Donnie Steele ersat. Zënter dem Gray sengem Doud ass de Batteur Crahan dat eenzege Grënnungsmember an der aktueller Besetzung. Den Jordison huet d'Band am Dezember 2013 verlooss. De Steele huet wärend den Opnamen zu ".5: The Gray Chapter" opgehalen. Slipknot huet déi zwee mam Alessandro Venturella um Bass an dem Jay Weinberg op der Batterie ersat. De Fehn gouf am Mäerz 2019, nach virun den Opname fir "We Are Not Your Kind", aus der Band gehäit an duerch de Michael Pfaff ersat. D'Grupp huet sech 2023 vum Jones a Weinberg getrennt, woubäi de Weinberg am Joer drop vum Eloy Casagrande ersat gouf.

Weltwäit huet Slipknot ronn 30 Millioune Placke verkaaft. Eleng am Joer 2024 goufen hir Lidder iwwer wou Milliarde mol gestreamt.[1]

  • 1996: Mate. Feed. Kill. Repeat. (Demo-Album)
  • 1999: Slipknot
  • 2001: Iowa
  • 2004: Vol. 3: (The Subliminal Verses)
  • 2005: 9.0: Live (Live-Album)
  • 2008: All Hope Is Gone
  • 2014: .5: The Gray Chapter
  • 2017: Day of the Gusano: Live in Mexico (Live-Album)
  • 2019: We Are Not Your Kind
  • 2022: The End, So Far
  • 2023: Live at MSG (Live-Album)

Bekannt Lidder (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1999: Wait and Bleed
  • 1999: Spit It Out
  • 2001: Left Behind
  • 2004: Duality
  • 2004: Before I Forget
  • 2008: Psychosocial
  • 2008: Dead Memories
  • 2008: Sulfur
  • 2009: Snuff
  • 2014: The Devil in I
  • 2014: Custer
  • 2019: Unsainted
  • 2019: Nero Forte
  • 2021: The Chapeltown Rag
 Commons: Slipknot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Christie Eliezer, How Was Slipknot's Music Valued At $120M? We Look At Number Crunching Behind Music Catalogues. themusic.com.au (25. November 2025). Gekuckt de 14. August 2026.