Op den Inhalt sprangen

Tschechoslowakesch Kroun

Vu Wikipedia
Tschechoslowakesch Kroun
Typ Wärung, Kroun
Land Tschechesch Republik, Slowakei
ISO-Code CSK, 200
Zentralbank Nationalbank vun Tschechien, Nationalbank vun der Slowakei
Agefouert 1. Juni 1953
Ofgeschaaft 7. Februar 1993
ersat mat Slowakesch Kroun, Tschechesch Kroun

D'Tschechoslowakesch Kroun (CSK) war vum 10. Abrëll 1919 bis de 14. Mäerz 1939 a vum 1. November 1945 bis den 31. Dezember 1992 déi offiziell Wärung vun der Tschechoslowakei a bis de 7. Februar 1993 vun Tschechien a vun der Slowakei.

1 Kroun war an 100 Halér ënnerdeelt.

D'Kroun gouf 1919 nom Éischte Weltkrich, no der Opléisung vun Éisträich-Ungarn, d'Wärung vun der nei gegrënnter Tschechoslowakei. No der Annexion vun Nazi-Däitschland virum Zweete Weltkrich, 1939, gouf d'Kroun duerch d'Reichsmark ersat. No der Befreiung vun Nazi-Däitschland gouf d'Kroun nees d'Wärung.

Den 31. Dezember 1992 huet sech d'Tschechoslowakei gespléckt, Tschechien an d'Slowakei goufen eegestänneg Länner. D'Wärung war bis de 7. Februar 1993 nach am Ëmlaf, bis se deen Dag vun der Tschecher Kroun a vun der Slowakescher Kroun ersat gouf.

Numm Wäert Recto Verso Gréisst Gëltegkeet Erausginn
1 Kroun 1 Kčs 101 × 51 mm 01.06.1953 – 31.05.1960 1953
3 Krounen 3 Kčs 110 × 56 mm 01.06.1953 – 31.12.1972 1953
3 Krounen 3 Kčs 113 × 56 mm 01.12.1961 – 31.12.1972 1961
5 Krounen 5 Kčs 120 × 61 mm 01.06.1953 – 31.12.1972 1953
5 Krounen 5 Kčs 123 × 60 mm 01.12.1961 – 31.12.1972 1961
10 Krounen 10 Kčs 129 × 65 mm 01.06.1953 – 31.12.1963 1953
10 Krounen 10 Kčs 133 × 65 mm 01.02.1961 – 30.06.1988 1960
10 Krounen 10 Kčs 132 × 67 mm 01.07.1986 – 31.07.1993 1986
20 Krounen 20 Kčs 132 × 58 mm 01.04.1971 – 30.06.1991 1970
20 Krounen 20 Kčs 137 × 67 mm 01.10.1988 – 31.07.1993 1988
25 Krounen 25 Kčs 140 × 69 mm 02.05.1962 – 31.12.1972 1961
50 Krounen 50 Kčs 150 × 74 mm 01.04.1965 – 30.06.1991 1964
50 Krounen 50 Kčs 142 × 67 mm 01.10.1987 – 31.07.1993 1987
100 Krounen 100 Kčs 164 × 80 mm 01.12.1962 – 07.02.1993 1961
100 Krounen 100 Kčs 147 × 67 mm 01.10.1989 – 31.12.1990 1989
500 Krounen 500 Kčs 157 × 67 mm 01.11.1973 – 07.02.1993 1973
1000 Krounen 1000 Kčs 157 × 67 mm 01.10.1985 – 07.02.1993 1985
 Commons: Tschechoslowakesch Kroun – Biller, Videoen oder Audiodateien