Op den Inhalt sprangen

Lettesche Lats

Vu Wikipedia
Lettesche Lats
Typ fréier Wärung
Land Lettland
ISO-Code LVL
Agefouert 1922, 1993
Ofgeschaaft 1. Januar 2014
ersetzt Sowjetesche Rubel, Lettesche Rubel
ersat mat Euro

De Lettesche Lats oder och einfach Lats (LVL) war vun 1922 bis den 31. Dezember 2013 (ausser tëscht 1940 an 1993) déi offiziell Wärung vu Lettland. E gouf den 1. Januar 2014 mam Euro ersat, nodeems Lettland der Eurozon bäigetruede war.

1 Lat war an 100 Santīmu ënnerdeelt.

1922 bis 1940

[änneren | Quelltext änneren]

De Lettesche Lats gouf 1922 eréischt als Goldwärung offiziell agefouert. Nodeems Lettland am Abrëll 1940 un d'Sowjetunioun ugegliddert gouf, gouf de Lettesche Lats mam Rubel ersat.

1993 bis 2013

[änneren | Quelltext änneren]

No der Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun gouf als éischt de Lettesche Rubel als Iwwergangswärung agefouert. Am Oktober 1993 gouf de Lettesche Lats offiziell erëm agefouert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 0,702804 LVL fixéiert.

WäertFaarfRectoVerso
5 Latigréng Eng Eech geschnëtzt Sonnenornament
10 Latumof Daugava traditionell lettesch Fibel
20 Latubrong traditionelle lettesche Bauerenhaff traditionellt lettescht Wiefornament
50 Latublo Hansekogg Stadwopen a -plang vu Riga
100 Laturout Krišjānis Barons Fragmenter vun der Ceinture vu Lielvārde
500 Latugold lettescht Baueremeedchen Ornament vun engem bronzenen Hutt
 Commons: Lettesche Lats – Biller, Videoen oder Audiodateien