Op den Inhalt sprangen

Mauritius

Vu Wikipedia
Republik Moris (Kreolesch)
République de Maurice (Franséisch)
Republic of Mauritius (Englesch)
Republik Mauritius
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
"Stella Clavisque Maris Indici"
(Stär a Schlëssel vum Indeschen Ozean)
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch de jure: keng
de facto: Englesch a Franséisch am Parlament
Haaptstad Port Louis
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vu Mauritius Dharam Gokhool
Premierminister vu Mauritius Pravind Jugnauth
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 2.040 km²
(179. Plaz)
Waasserfläch 0,07 %
Bevëlkerung 1.264.613 (2017)
(156. Plaz)
Bevëlkerungsdicht 618 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 12. Mäerz 1986 (vu Groussbritannien)
Nationalhymn Motherland
Praktesch Informatiounen
Wärung Rupie
Zäitzon UTC +4
Internet-TLD .mu
Internationalen Telefonsprefix +230

D'Republik Mauritius ass en Inselstaat am Südweste vum Indeschen Ozean. Mauritius läit ronn 900 km ëstlech vu Madagaskar. Am Norde leien d'Seychellen an am Westen dat franséischt Iwwerséidepartement La Réunion.

D'Republik Mauritius besteet aus zwou groussen an e puer méi klengen Inselen.

Op Mauritius selwer, der gréisster Insel vum Land, läit d'Haaptstad Port Louis.

Ëm eng grouss Partie vun der Haaptinsel zitt sech ee Riff, aus deem e puer kleng Inselen erausluussen, wéi Amber Island, Gunners Coin a Round Island.

Déi zweetgréisst Insel ass Rodrigues mat ronn 40.000 Awunner.

Mauritius, Rodrigues, a La Réunion gehéieren zu de Maskarenen.

 Commons: Mauritius – Biller, Videoen oder Audiodateien