Op den Inhalt sprangen

Oman

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
سلطنة عمان
Saltanat Uman
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Arabesch
Haaptstad Maskat
Staatsform Absolut Monarchie
Staatsleedung
Sultan vum Oman Haitham bin Tariq Al Said
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 309 500[1] km²
Bevëlkerung 4.829.480 (2018)
Bevëlkerungsdicht 7,56 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Nationalfeierdag 18. November
(Gebuertsdag vum Sultan)
Nationalhymn Ya Rabbana Ehfid Lana Jalalat Al Sultan
Praktesch Informatiounen
Wärung Omani Rial
Zäitzon UTC +4
Internet-TLD .om
Internationalen Telefonsprefix +968

Den Oman (arabesch: سلطنة عمان) ass e Sultanat am Südoste vun der Arabescher Hallefinsel. D'Land grenzt am Norden un de Golf vum Oman, am Osten a Süden un d'Arabescht Mier, am Westen u Saudi-Arabien, am Südwesten un de Jemen an am Nordwesten un d'Vereenegt Arabesch Emirater. Zum Staatsterritoire gehéiert och d'nërdlech Spëtzt vun der Hallefinsel Ruus al-Jibal, de Kap Musandam. Musandam ass vum Rescht vum Land duerch d'Staatsgebitt vun de Vereenegten Arabeschen Emirater getrennt. De Kap ass virop wéinst der strateegesch giedlecher Lag op der Mieresstrooss vun Hormuz, tëscht dem Perseschem Golf an dem Golf vun Oman, vu Bedeitung. Madha, eng zweet, méi kleng Exklav, läit matzen an de VAE, tëscht Musandam an dem Haaptterritoire vum Oman.

Den Oman ass Member vun de Vereenten Natiounen an der Arabescher Liga. D'Haaptstad vum Sultanat heescht Maskat.

 Commons: Oman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell: Vereent Natiounen (2004)