Op den Inhalt sprangen

Ourthe (Floss)

Vu Wikipedia
Ourthe
Längt 165 km
Debit 55,2 m³/s
Fläch vum Anzuchsgebitt 3.624 km²
Leeft an Meuse
Haaptnieweflëss Amblève, Weser, Néblon, Pouhon, Ourthe orientale, Magrée, Chawresse
Hotton op der Ourthe

D'Ourthe ass e rietsen Niewefloss vun der Meuse an der Belsch. Si entsteet aus dem Zesummefloss vun der Ourthe orientale, déi beim Duerf Ourthe an der Gemeng Gouvy entspréngt, an der Ourthe occidentale, déi beim Duerf Ourt an der Gemeng Libramont-Chevigny hir Quell huet, allebéid an der Provënz Lëtzebuerg.

Beim Duerf Engreux lafen déi zwou zesummen. Gläich hannendru gëtt d'Ourthe zu Nisramont an der Talspär gebremst a benotzt fir Stroum ze maachen. An hirem ieweschte Laf leeft se duerch La Roche-en-Ardenne, am Ënnerlaf duerch Hotton, Durbuy, an an der Provënz Léck, duerch Hamoir an Esneux ier se dann zu Léck an d'Meuse leeft. Vun Angleur un, leeft den Ourthe-Kanal op 2 km parallel zum Floss, vun do, wou d'Vesdre erakënnt, bis bei d'Meuse.

 Commons: Ourthe – Biller, Videoen an Audiodateien


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse